Gault&Millau

[:de]

Gault&Millau Däitschland – d’Feinschmeckerbibel

De Restaurantsguide vum Gault&Millau steet fir kulinaresche Fortschrëtt: Käch ginn dozou ugereegt, ëmmer besser ze kachen; Gäscht ginn dozou ermontert, méi héich Uspréch ze stellen. D’Viraussetzung? Kreativ an éierlech soll d’Kiche sinn. Keng Kopie a keng Fassade. Ob regional, international, vegetaresch, exotesch, klassesch oder modern: de Kachstil ass hei net entscheedend.

Vum Gault&Millau Däitschland kritt kee Kach 20 Punkten

De Gault&Millau Restaurantsguide vergëtt Punkte fir Kicheleeschtungen innerhalb vun engem Bewäertungssystem vun 0 bis 20 Punkten. D’Punktzuel bewäert ausschliisslech d’Kicheleeschtung. Service, Ambiente a Wäinkultur am Restaurant ginn zwar beschriwwen, mä net bei der Bewäertung berécksiichtegt.

19 Punkte fir de Victor’s Fine Dining by Christian Bau

Wann de Gault&Millau Däitschland d’Héchstbewäertung vun 20 Punkte grondsätzlech net vergëtt, sinn 19 Punkten ouni Zweiwel e Meilesteen am Liewe vun engem Kach. Des huet de Gault&Millau dem Christian Bau fir seng Leeschtung als Kichechef am „Victor’s Fine Dining“ am November 2008 ginn.

Eng gutt Kicheleeschtung nom Gault&Millau

Folgend Kritäre gi bei der Bewäertung vun der Kicheleeschtung duerch de Gault&Millau berécksiichtegt:

 

Verwendung vu frëschen, saisonalen a qualitativ héichwäertege Produiten

sënnvoll Verwendung vun de Produiten, z.B. liicht Sausen a Marinaden

frësch Zoubereedung vun all Plat

Erhale vum Eegegeschmaach a vun den Aromen

harmonescht Zesummespill vun de Komponenten

Anhalung vun optimale Garzäiten

Bekömmlechkeet vun de Platen

Presentatioun vun de Platen

Steigerung vum Geschmaachserliefnis innerhalb vun engem Menü

 

zousätzlech:

 

appetitlech Amuse-Gueule a Petit-Fours

Bewäertung vun der Menüskaart unhand vun hirer Kreativitéit, hirem Informatiounsgehalt, Verständnis an Ëmfang

Präisleeschtungsverhältnis

Wéi gëtt ee Gault&Millau-Tester an Däitschland?

E Feinschmecker ze sinn, wat Gault&Millau-Tester sinn, kann ee (leider) net als Beruff léieren, mä nëmmen duerch jorelaang Experienz erreechen. Am Detail heescht dat: Ween en Gault&Millau-Tester wëll ginn, fir eng Kiche kompetent beuerteelen ze kënnen, muss een mindestens 1.000 Mol an Däitschland an an der Welt Restaurante besicht an do giess hunn. An net nëmmen dat, d’Erliefnis sollt den Tester uschléissend och verständlech an amüsant op de Pabeier bréngen.

Wéini de Gault&Millau kënnt, weess de Kach net

Ee Gault&Millau Tester geet esou oft an e Restaurant iessen, bis hien sech iwwert säin Uerteel absolut sécher ass. Dass de Gault&Millau Tester um Dësch setzt, weess de Kach oft net, well d’Tester sech als normal Gäscht ausginn, déi privat de Restaurant besichen.

Gegrënnt vu Gault&Millau

1969 hunn di zwee Journalisten Henri Gault a Christian Millau de Gault&Millau a Frankräich gegrënnt. Aus der Oweszeitung „Paris-Presse“, wou di zwee sech kenne geléiert hunn, huet dech 1962 de Restaurant „Guide Juillard“ entwéckelt. Ënnert der Schlagzeil „Vive la nouvelle cuisine française“ hunn si 1973 verkënnegt, an hirem Magasinn all Mound di zéng Geboter vun der zäitgeméisser Kichen,di ënner anerem frësch Produiten, méi kuerz Kachzäiten a méi liicht Zosen enthalen hunn. Déi eicht Ausgab vum Gault&Millau Restaurantsguide ass 1983 eraus komm, 10 Joer dono koum de Wäiguide Däitschland no.